
ZE VERKAFEN
Super Appartement mat 2 Schlofkummeren zu Péiteng
Ca. 80m2
D'Appartement ass um 1. Stack vun enger klenger (3 Parteien), gefleegter Résidence.
Et bidd: 2 Schlofzëmmer, 1 Buedzëmmer mat Fënster, Douche, Lavabo a WC, eng separat Kiche (Abaukiche vun 2013) mat Dier fir op den iwwerdaachte Balkon, 1 grouss Stuff/Salle à manger, 1 Débarras, e private Gaart, eng Plaz an der gemeinschaftlecher Wäschkichen, an e grousse private Keller.
Dëst Appartement ass 2013/2014 komplett renovéiert ginn (ugestrach, Kichen, Buedzëmmer, Fënsteren) an d'Face vun der Résidence ass och nei.
Et läit ideal: am Zentrum vu Péiteng, mee ganz roueg an enger Sakgaass. Et huet een also keen Duerchgangsverkéier, mee ass no bei Allem, wat ee brauch: Transport- an Akafsméiglechkeete si problemlos zu fouss erreechbar. Klenge Park mat Spillplaz nobäi.
Niddreg Chargen, kee Lift.
Méiglechkeet fir eng zoue Garage ze lounen direkt niewendrun.
Miwwele kënnen och verkaf ginn.
Onbedéngt kucke kommen!
329.000€
Exklusiv iwwer WEPOLUX SA
Telefon: +352 621 357 481