

-EXKLUSIVITÉIT WEPOLUX SA-
ZE VERKAFEN: Charmant Eefamiljenhaus zu Déifferdeng mat Gaart a Garage fir 2 Autoen.
Zu zwou Säiten ugebaut, bidd dëst Haus Iech op engem Terrain vun 2,55 Ares ca. 130m2 Wunnfläch an eng gemittlech a rustikal Atmosphär, mat sengem oppene Kamäin, héije Plafongen, a genuch Plaz.
Rez-de-Chaussée: Entrée, Gank, duebelt Iesszëmmer/Living, Kiche mat Balkonsdier fir an de Gaart, Buedzëmmer mat Dusch.
Zwëschestack/Annexe: 1 Schlofzëmmer mat privatem WC.
1.Stack: 3 Schlofkummeren
2.Stack: Späicher (ca. 40 m2, ouni Problem ausbaubar: Trap fir erop a Veluxe si schonn do, an den Daach ass viru Kuerzem isoléiert ginn)
Keller: Garage fir 2 Autoen, Wäschkichen, Accès fir an de Gaart, Stockage.
D’Miwwele kënne mat iwwerholl ginn (no Ofsprooch)
Den Energiepass ass an der Maach.
Fräi ëm September 2018.
Onbedéngt kucke kommen!
Präis: 497.000€ (Verhandlungsbasis)
WEPOLUX SA
Tel.: +352 621 357 481