Beschreiwung:
??ZE VERKAFEN ??A VENDRE ??FOR SALE
???? ZE VERKAFEN
Charmant Haus vun ca. 130m2 zu Klengbetten (no bei Mamer). Dëst ugebautent Haus läit no bei Allem, wat een esou bräuch: Bus an Zuch Verbindunge fir an d’Stad, Geschäfter, Schoulen, etc., sinn all an e puer Minuten ze erreechen.
Keller: Heizungsraum, Stockage, Wäschkichen
Rez-de-Chaussée: Entréeshall, Stuff, Kichen, Toilette.
Éischte Stack: 1 Schlofzëmmer an 1 Buedzëmmer mat Buedbidden
Zweete Stack: 2 Schlofzëmmer mat schéiner Vue op d’Felder hannenaus
D’Dalle vum Spräicher ass isoléiert.
D’Heizung (Gas-Condensatioun) ass vun 2013 a frësch revisionnéiert (2018)
D’Fënsteren an d’Diere si vun 2017.
Eng grouss duebel Garage (fir 2 Autoen NIEWTENEEN) an e Gaart gehéieren och nach dobäi.
Dëst Haus steet op engem Terrain vun 2,76 Ares
Energiepass: F
Direkt disponibel
Kontakt: WEPOLUX SA
Email: info@wepolux.lu
[All Informatioune komme vum Propriétaire. WEPOLUX SA iwwerhëllt keng Resonsabilitéit fir d’Richtegkeet an d’Vollstännegkeet vun dësen Informatiounen.]