Beschreiwung:
ZE VERKAFEN
*EXKLUSIVITÉIT VU WEPOLUX SA*
Schéine Bungalow, 4 Säite fräi, zu Monnerech.
De Moment bidd dëst Haus gutt 135m2 reng Wunnfläch; zousätzlech kann de Späicher vun ca. 120m2 ouni Problem ausgebaut ginn.
Beschreiwung: 4 Schlofzëmmer (2 um Rez-de-chaussée an 2 um 1. Stack), 2 Buedzëmmer (1 ënnenan, 1 uewenop), eng separat Abaukichen a grouss, hell Stuff mat Iesszëmmer, allebéid mat Accès op de Balcon, duebel Garage, Heizungsraum mat Accès op d’Terrass an an de Gaart. D’Trape sinn aus wäissem Marber.
Dëst Haus ass super ënnerhalen: d’Heizung (Gas) ass nei a vu Viessmann, d’Buedzëmmer (uewenop) an d’Kiche si rezent, Maueren a Plafonge si professionell frëschgemaach.
Dëst Haus steet op engem Terrain vu 4,36 Ares, a bestëcht op den 1. Bléck duerch säi schéine, gefleegte Viirgärtchen.
Fir ëffentlechen Transport ass gesuergt: Busser fir d’Stad, Esch, a Betebuerg bleiwen direkt ëm den Eck stoen.
Energiepass: amgaang gemaach ze ginn
Disponibel: no Oofsprooch
Präis: /€ VB
Kontakt: WEPOLUX SA
Email: info@wepolux.lu
[All Informatioune komme vum Propriétaire. WEPOLUX SA iwwerhëllt keng Resonsabilitéit fir d’Richtegkeet an d’Vollstännegkeet vun dësen Informatiounen.]
D’Agencekäschte gi vum Verkeefer gedroen.
———