Beschreiwung:
*** COMPROMIS ***
Charmant Doheem zu Péiteng.
Ca. 160,2 m2 op engem Terrain vun 2a35ca.
En idealt Haus fir eng Famill: 2 Säite fräi, mat schéiner Stil-Fassade a flottem Gaart hannenaus, bestëcht dëst Haus duerch hell, frëndlech Räim a vill Plaz.
RdCh: Oppen Abaukichen, groussen Iessberäich a Stuff, mat grousser Glasschiebedier fir op d’Terrasse. Separate WC. Gank. Zougang zum Keller. Buedembelag: Plättercher a Parquet.
1.Stack: Palier, Schlofzëmmer (15,5m2) mat groussem Dressing (oder 2. Schlofzëmmer (ca. 16m2)), Buedzëmmer mat Dusch a Buedbidden. 2 Lavaboen, WC.
2.Stack: Palier, 3 Schlofkummeren, dovun eng mat Zougang op den ausgebaute Späicher.
Keller: Stockage, Wäschkichen, Heizungsraum (Chaudière 2019 komplett iwwerholl)
D’Face gëtt nach frëschgemaach (ouni extra-Käschte fir de Keefer)!
Gasheizung
Neien Daach (2019/2020)
Renovéiert 2016, den ieweschte Stack 2020
Neie Boiler
Méiglechkeet fir 2 Parkplazen nobäi ze loune fir 61€/Mount pro Plaz.
Präiss: 675.000€ (Vb)
EXCLUSIVITÉIT vu WEPOLUX SA
[All Informatioune komme vum Propriétaire. WEPOLUX SA iwwerhëllt keng Resonsabilitéit fir d’Richtegkeet an d’Vollstännegkeet vun dësen Informatiounen.]
D’Agencekäschte gi vum Verkeefer gedroen.