Beschreiwung:
ZE VERKAFEN
*EXCLUSIVITÉIT WEPOLUX SA*
Schéint Duplex-Appartement mat 3 Schlofzëmmer zu Lampech (Gemeng Reckeng op der Mess).
125,2m2 verdeelt iwwert den 2. an 3. Stack vun enger Residence vun 2007.
Dëst Appartement ass folgendermoossen opgedeelt:
2.Stack: 2 Schlofzëmmer, héichwäerteg oppe Kichen, grousse Living mat Iesszëmmer, Buedzëmmer (Dusch, Lavabo), separat Toilette.
3.Stack: 1 Schlofzëmmer, 1 Buedzëmmer mat Buedbidden.
Dësen Ensemble gëtt kompletéiert duerch eng Plaz an der gemeinschaftlecher Wäschkichen, e private Keller, e gemeinschaftlech notzbare Gaart, an eng Parkplaz am Gebai.
Lampech ass en idyllescht Duerf am Süde vu Lëtzebuerg, wou rouegt Wunnen verbonnen ass mat kuerze Weeër: Foetz (mat senge Commercen, Autobunnsopfaarten, etc), Esch, d’Stad (13km) sinn all an ënner 15 Minutten ze erreechen.
Präiss: ?
WEPOLUX SA
[All Informatioune komme vum Propriétaire. WEPOLUX SA iwwerhëllt keng Resonsabilitéit fir d’Richtegkeet an d’Vollstännegkeet vun dësen Informatiounen.]
D’Agencekäschte gi vum Verkeefer gedroen.